Vum Gréis

Mir “Vum Gréis” baue saisonaalt a lokaalt Geméis fir Iech un. Ouni Verpackung, ouni chemesch Sprëtzmëttel, kënnt frëscht Geméis op direktem Wee vum Feld bei Iech op den Dësch. Mir produzéieren nom Prinzip vun der solidarescher Landwirtschaft.

Solawi:

Solidaresch Landwirtschaft bedeit fir Iech als Member, datt Dir genau wësst, wéi Äert Geméis ugebaut gëtt. Mir hunn d’Fräiheet, bis zu 60 Geméiszorte pro Saison op eng nohalteg Aart a Weis unzebauen.

Méi Infoen zur Solawi ënnert www.solawi.lu .

Mellt Iech un a gitt Member:

Als Member kritt Dir vu Mee bis November all Woch eng Këscht voll frëscht, lokaalt, gesondt, a saisonaalt Geméis.

Inscriptioun fir Saison 2022:

Fir Member ze ginn, kennt dir iech iwwert yves.diederich@gmail.com bei eis mellen.